Scenarioworkshop mam Frédéric Zeimet (Scenarist aus Lëtzebuerg)

De Service National de la Jeunesse organiséiert zesumme mam Luxembourg City Film Festival ee Scenarioworkshop am Kader vum Concours Crème Fraîche. De Workshop gëtt geleet vum Frédéric Zeimet (Scenarist aus Lëtzebuerg)  a fënnt de 7. Januar um Siège vum SNJ statt. Am Workshop gëtt iwwer äre Scenario diskutéiert an dir kritt ee professionelle Feedback zu ärem Scenario.

Et ginn e puer Konditioune fir um Workshop kënnen deelzehuelen:

• Dir musst de Umeldeformulaire bis den 21.12.16 an äre Scenario bis den 2. Januar un Jenny Schlechter (jennifer.schlechter@snj.lu) geschéckt hunn

• De Scénario muss Konditioune vum Concours Crème Fraîche erfëllen. D'Konditioune fann dir ënnert : (http://creme-fraiche.lu/fr/node/13)

• De Scénario soll och um Concours Crème Fraîche deelhuelen

Hei e puer Informatiounen zum Workshop:

Workshopleeder: Frédéric Zeimet

Datum: 7.01.2017

Auerzäiten: 9.00 bis 18.00 (ginn nach confirméiert)

Wou?: Siège vum SNJ (138, bld. de la Pétrusse L-2330 Lëtzebuerg)

Max. Participanten: 8

Präis: gratis

Wien ka matmaachen?: Jiddereen deen ee Scenario geschriwwen huet deen Konditioune vum Concours Crème Fraîche erfëllt

Altersklass: 12-30 Joer

Umeldeschluss: 21.12.2016 

Asendeschluss Scenario: 2.01.2017

Bei weidere Froe kënn dir gäre Jenny Schlechter kontaktéieren.

Umeldeformulaire: