2_1.png

16. Editioun

Ee Videoconcours - dräi Kategorien

Video 90": Wat ass dat Geräisch?

 

👤 Wien kann matmaachen?

Du kanns matmaachen, wann s du:

  •  tëschent 12 an 25 Joer al bass,
  •  zu Lëtzebuerg wunns.

❌ Net matmaache kënnen:

  • Persounen, déi schonn en Diplom am audiovisuelle Beräich hunn,
  • oder déi schonn an dësem Beräich schaffen.

💡 Du däerfs dech vu Leit aus dem sozialen oder edukative Beräich ënnerstëtze loossen.

🏆 Wann s du schonn eemol den 1. Präis an dëser Kategorie  gewonnen hues, kanns du net nach eng Kéier an dëser Kategorie matmaachen.


🎥 Deng Challenge

Maach e kuerze Video, deen d'Leit iwwerrascht!

Däi Video soll:

  • dëst Geräisch dran hunn: Sound Crème Fraîche 16 Editioun
  • Thema: wat ass dat Geräisch?
  • Geräisch soll net just dran sinn, mee och eng wichteg Roll an dengem Video spillen.

Looss denger Fantasie fräie Laf! 😲✨


📏 Wat muss de Video erfëllen?

  • De Video däerf maximal 90 Sekonnen laang sinn.
  • D'Credits zielen an déi 90 Sekonne mat eran.
  • Benotz nëmmen Inhalter (Musek, Biller, Videoen, asw.), wous du Rechter hues!

❌ Videoe mat:

  • Gewaltverherrlechung,
  • Haass oder Intoleranz,
  • oder pornografeschen Inhalter

ginn aus dem Concours ausgeschloss.

⛔No der Asendeschluss-Deadline kënnen Videoen net méi zeréckgezunn oder geännert ginn.


🎞️ Wéi leeft d'Selektioun?

Aus allen ageschéckte Videoe ginn 20 bis 25 Videos ausgewielt.

Dës ginn um Crème Fraîche Event gewisen.

🏆 Wéi ginn d'Gewënner bestëmmt?

D'Publikum decidéiert!

Wärend dem Event stëmmen d'Zuschauer of, a wielen déi dräi beschte Videoen.


📅 Wichteg Datumer

Asendeschluss:
8. Februar 2027 um 23:59 Auer

🎬 Crème Fraîche Event & Präisiwwerreechung:
6. Mäerz 2027 um 14:30 Auer

📍 Am Kinepolis Kirchberg

Vill Gléck a vill Spaass beim Dréinen! 🎥🚀🍿

Dréibuch 1.0: Ee Geräisch am Mëttelpunkt

👤 Wien kann matmaachen?

Du kanns matmaachen, wann s du:

  • tëschent 12 an 25 Joer al bass,
  • zu Lëtzebuerg wunns.

❌ Net matmaache kënnen:

  • Persounen, déi schonn en Diplom am audiovisuelle Beräich hunn,
  • déi schonn an dësem Beräich schaffen.

💡 Du däerfs dech vu Leit aus dem sozialen oder edukative Beräich ënnerstëtze loossen.

🏆 Wann s du schonn eemol den 1. Präis an dëser Kategorie  gewonnen hues, kanns du net nach eng Kéier an dëser Kategorie matmaachen.


🎬 Deng Challenge

Schreif däin eegent Dréibuch!

Deng Geschicht kann iwwer alles goen, wat s du wëlls – mee et gëtt eng speziell Aufgab:

🔊 Dëst Geräisch muss am Mëttelpunkt vun denger Geschicht stoen. Sound Crème Fraîche 16 Editioun

Looss dech vun dësem Geräisch inspiréieren: 

Looss deng Kreativitéit spillen an entwéckel eng Geschicht ronderëm dëse Klang.


📋 Wat muss däi Dréibuch erfëllen?

Maximal 4 Säiten

Maximal 1 Dréiuert
(Deng ganz Geschicht spillt op nëmmen enger Plaz.)

Maximal 2 Personnagen

E bestëmmt Geräisch steet am Zentrum vun der Geschicht
(D'Geräisch soll eng wichteg Roll spillen an net just am Hannergrond sinn.)

📄 Wat muss um Deckblatt stoen?

  • 👤 Däin Numm
  • 📧 Deng Kontaktinformatiounen

⚠️ Wichteg Reegelen

Däin Dréibuch muss däin eegent Wierk sinn a däerf net géint d'Auteursrechter verstoussen.

❌ Dréibicher, déi:

  • Gewalt verherrlechen,
  • Haass oder Intoleranz verbreeden,
  • oder pornografesch Inhalter enthalen,

ginn aus dem Concours ausgeschloss.

⛔No der Asendeschluss-Deadline kënnen Dréibicher net méi zeréckgezunn oder geännert ginn.


🎬 Wéi ginn d'Gewënner gewielt?

Eng onofhängeg Jury entscheet.

D'Jury besteet aus:

  • maximal 5 Jonken

Si bewäerten all ageschéckte Dréibicher a bestëmmen déi 3 Gewënner.


📅 Wichteg Datumer

Asendeschluss:
8. Februar 2027 um 23:59 Auer

🎬 Crème Fraîche Event & Präisiwwerreechung:
6. Mäerz 2027 um 14:30 Auer

📍 Am Kinepolis Kirchberg

Vill Spaass beim Schreiwen! ✍️🎬✨ 

Zenario +: Fir déi mat méi Erfarung

👤 Wien kann matmaachen?

Du kanns matmaachen, wanns du:

  • tëschent 16 an 30 Joer al bass,
  • zu Lëtzebuerg wunns.

🎬 Anescht wéi an deenen anere Kategorien däerfen hei och Jonker matmaachen, déi:

  • en Diplom am audiovisuelle Beräich hunn,
  • oder schonn an dësem Beräich schaffen.

🏆 Wann s du schonn eemol den 1. Präis an dëser Kategorie  gewonnen hues, kanns du net nach eng Kéier an dëser Kategorie matmaachen.


📝 Deng Challenge

Schreiw däin eegent Zenario!

D'Thema ass komplett fräi. Egal ob Drama, Komedie, Krimi, Sci-Fi oder Action – du entscheeds, wéi eng Geschichts du erziele wëlls.


📋 Wat muss däi Zenario erfëllen?

✅ Maximal 9 Säiten

✅ Erlaabt Sproochen:

  • Lëtzebuergesch
  • Däitsch
  • Franséisch
  • Englesch

✅ Maximal 3 Schauspiller*innen

✅ Eng Logline op der éischter Säit:
Dat ass e kuerze Resumé vun denger Geschicht an engem eenzege Saz. Si soll direkt op der éischter Säit gutt ze gesi sinn.


📄 Wat muss um Deckblatt stoen?

  • 👤 Däin Numm
  • 📧 Deng Kontaktinformatiounen

⚠️ Wichteg Reegelen

Däi Zenario muss däin eegent Wierk sinn a däerf net géint d'Auteursrechter verstoussen.

❌ Zenarioen, déi:

  • Gewalt verherrlechen,
  • Haass oder Intoleranz verbreeden,
  • oder pornografesch Inhalter enthalen,

ginn aus dem Concours ausgeschloss.

⛔No der Asendeschluss-Deadline kënnen Zenarioen net méi zeréckgezunn oder geännert ginn.


🎬 Wéi ginn d'Gewënner gewielt?

Eng onofhängeg Jury entscheet.

D'Jury besteet aus:

  • 3 Jonken
  • 3 Professionellen aus dem Filmsecteur

Si bewäerten all ageschéckte Zenarioen a bestëmmen déi 3 Gewënner.


🏆 Wat kanns du gewannen?

De beschte Zenario gëtt vum Centre national de l'audiovisuel (CNA) an dem Service national de la jeunesse (SNJ) ënner professionelle Konditioune verfilmt.

🎥 Dat bedeit:

  • Däi Skript gëtt zu engem richtege Film.
  • D'Organisateuren decidéieren, wien de Film realiséiert.
  • D'Zenario kann, wann néideg, fir d'Produktioun ugepasst ginn.

📣 D'Gewënner ginn um Crème Fraîche Event annoncéiert.


📜 Wat geschitt mam Gewënner-Zenario?

Wann däi Zenario déi éischt Plaz gewënnt, ginn d'Rechter fir d'professionell Verfilmung un d'Organisateuren iwwerdroen.

Dat erlaabt hinnen:

  • de Film ze produzéieren,
  • d'Geschicht unzepassen,
  • ze verëffentlechen,
  • ze weisen an ze verdeelen.

✍️ Deng moralesch Rechter bleiwen awer erhalen. Dat heescht:

  • Du bleifs als Auteur*in genannt.
  • Deng Aarbecht däerf net op eng respektlos oder ofwäertend Aart verännert ginn.

Dës Reegel gëllt nëmme fir eng professionell Verfilmung an/oder eng kulturell oder edukativ Diffusioun vum Film.


📅 Wichteg Datumer

Asendeschluss:
8. Februar 2027 um 23:59 Auer

🎬 Crème Fraîche Event & Präisiwwerreechung:
6. Mäerz 2027 um 14:30 Auer

📍 Am Kinepolis Kirchberg

Vill Gléck beim Schreiwen! ✍️🎬✨